|
| Op eng genee Fro driwwer, wat duerf bei den Héichiewen op Esch Belval ofgerapt duerf ginn an erhale muss ginn, koum eng Bidonsäntwert vun der Regierung. Hannendrun en Bréif un den Här Chamberpresident! |
Äntwert vun der Madame Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoulwiesen a Fuerschung op d’parlamentaresch Ufro No 2594 vum Här Deputéierten Aly Jaerling...Ech well mei wessen
| Diskussioun vum 9. am Heemount 2008 iwwert d’Opstocken vun de Polizeieffektiver |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. D'Fro stellt sech: Wëlls de Sécherheet oder wëlls de keng? Et ass kloer, dass all Mënsch seet: Jo, ech wëll Sécherheet.
Da stellt déi zweet Fro sech: Wéi kënne mer déi Sécherheet organiséieren? Do gëtt et zwou Méiglechkeeten. Déi éischt a fir mech op jidde Fall wichtegst Phas ass d'Preventioun. Et muss an d'Preventioun investéiert ginn, fir dass d'Leit sech emol un alleréischter Stell kënne selwer hëllefen, fir sech ofzesécheren....Ech well mei wessen
| Diskussioun vum 9. am Heemount 2008 iwwert d’Immigratiounspolitik |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Och Merci der Madame Rapportrice. Et ass net einfach, wann ee muss no engem Cousin vum Sarkozy schwätzen, mä…
(Hilarité)
…ech wäert mer awer elo Méi gi fir ganz roueg ze sinn. Ech hoffen awer, wann den Här Henckes seet, dass dat Gesetz hei an déi richteg Richtung geet, dass mer eis bewosst sinn, dass et hei ëm Mënsche geet....Ech well mei wessen
| Diskussioun vum 08.07.2008 iwwer d’Sanéierungskonzept op dem Site Esch-Belval |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Och Merci der Madame Rapportrice.
Nodeem wat den hallwe Schäfferot vun Esch hei virbruecht huet, wat ech ënnerstëtzen, hunn ech am Fong net vill bäizefügen. Mä et ass scho richteg, wat den Här Braz gesot huet, dass een awer, Här Minister, misst der CSV doënnen aus dem Süde vläicht e bëssen op d'Fanger klappen an hinnen erklären, wa se eppes schrëftlech matgedeelt kréien, dass dat schwaarz Buschtawe sinn an dass se déi vläicht och emol eng Kéier sollte liesen....Ech well mei wessen
| Diskussioun vum 8.7.2008 iwwer d’Studentenwiesen an der Recherche op der Uni |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Ech kann och nëmmen dëse wichtege Projet begréissen. Ech hu just e bëssen e Problem mat der Diskussioun, déi hei gefouert gëtt iwwert déi Zäit, déi d'Studenten dierfe schaffen oder net. Ech sinn einfach der Meenung, entweder studéiert een oder et schafft een....Ech well mei wessen
| Diskussioun vum 08.07.2008iwwer d’Urteel vum europäesche Geriichtshaff iwwer d’europäesch Déplacementsdirektive |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Heiansdo kann ee jo frou sinn, dass d'Sensibilitéiten nëmmen zwou Minutten hunn.
Här President, ech wëll hei nëmmen dat ënnerstëtzen, wat den Här Glesener gesot huet. Dat war déi richteg Analys....Ech well mei wessen
| Diskussioun an der Chamber, den 1. am Heemount 2008 iwwer eng europäesch Oprüstungsagence |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Ech wëll Iech soen, dass ech dat do net stëmmen aus deeneselwechten Ursaachen, firwat ech de Verfassungstraité an den Traité vu Lissabon net gestëmmt hunn. Dat hei ass eng kloer Oprüstung. Et fält ënnert de Kader vun der Oprüstung, mat där ech net kann d'accord sinn....Ech well mei wessen
| Diskussioun an der Chamber den 1. am Heemount 2008 iwwer Begleedungshënn fir Behënnerter |
M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Och der Madame Rapportrice Félicitatioune fir hiren explizite Rapport.
Et ass wierklech wichteg, dass déi behënnert Leit elo déi Déiere kënne kréien, fir hinnen ze hëllefen....Ech well mei wessen
| Diskussioun iwwer de Wunningspakt |
M. Aly Jaerling (Indépendant). - Merci, Här President.
Heiansdo ass et gutt, dass och em des Zäit Fussball am Fernseh ass....Ech well mei wessen
| Petitioun un de Chamberpresident |
3300 Leit hun eng Petitioun vun der Initiativ fir eis Sprooch ennerschriwwen, déi d'Parlament opfuerdert d'lëtzebuerger Sprooch als Sprooch vun de Lëtzebuerger an d'Verfassung anzeschreiwen, an bei den EU-Instanzen anzwierken, datt d'Lëtzebuerger Sprooch och an de Listing vun den offiziellen europäesche Sproochen ageschriwwe gett.
Et ass einfach ontolerabel, datt d'Sprooch vun engem Grënnerland vun der europäescher Unioun an Europa nett unerkannt gett....Ech well mei wessen
Pages: << Prev 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 Next >>
|