Aly Jaerling

Tel:
+352 26203905 +352 621 151592

Fax:
+352 26203995

Diskussioun vum 21. am Spierkel 2008 iwwer daat neit Hondsgesetz

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Och dem Här Rapporteur Félicitatioune fir säin explizite Rapport. Wann ech awer als net Betraffenen dee Projet hei analyséieren, da fält et mer op, dass sech duerch dat Gesetz awer haaptsächlech op d'geféierlech Hënn focaliséiert gëtt, wéinst enger Rei Accidenter am Ausland an och hei am Land....Ech well mei wessen


Intereventioun vum 20. am Spierkel 2008 iwwer d’Onofhängekeet vum Kosovo

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. D'Fro, déi ech mir hei an deem Zesummenhang gestallt hunn, ass: Kann een enger Natioun, engem Stat oder engem Vollek seng Onofhängegkeet aus politesche Grënn oder aus soss Grënn iwwerhaapt verweigeren? Hu mir iwwerhaapt e Recht, eis do anzemëschen? Ass net d'Onofhängegkeet vun engem Vollek, wann et dat wëllt, en elementaart Recht, e Recht op Eegebestëmmung, wou Mënschen de Wëllen hunn, hiert Schicksal selwer an d'Hand ze huelen?

(Brouhaha et coups de cloche de la Présidence)...Ech well mei wessen


Diskussioun vum 14. am Spierkel 2008 iwwer d’Gesetzpropositioun vun der aktiver Stierwehëllef

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. No all deem, wat elo hei an den Diskussiounen ervirbruecht ginn ass, hunn ech meng Meenung nach net brauchen ze änneren.

Ech sinn a bleiwe bei der Meenung, dass hei net eleng 60 Leit kënnen an enger gewëssener Gewëssensfräiheet iwwer Liewen an Doud bestëmmen an dass dat hei eng Fro ass, déi all Bierger hei am Land betrëfft an duerfir misst virun all Bierger zum Vote gestallt ginn, an net nëmme vu 60 Leit heibannen, egal wat fir enger Meenung dass se sinn....Ech well mei wessen


Interventioun vum 14. am Spierkel 2008 iwwer d’Gesetzpropos vun der Palliativmedezin

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Madame Presidentin. Ech mengen, wat an dëser Diskussioun wichteg ass a wat och an der Kommissioun wichteg war, dat ass déi Serenitéit, mat där déi ganz Diskussioun gefouert ginn ass....Ech well mei wessen


Interventioun vum 14. am Spierkel 2008 iwwer d’Ofstëmmung vun der Gesetzpropositioun vun der Euthanasie

Motioun fir all Bierger iwwer dës Gesetzpropos per Referendum befannen ze loossen

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Wann elo d'Kommissioun ugeschwat ginn ass, esou wëll ech awer drop hiweisen, dass do keng Ofstëmmung stattfonnt huet. Dat wëll ech emol kloer hei soen.

(Interruption)...Ech well mei wessen


Diskussioun vum 30. am Hartmount 2008 iwwer d’Liberaliséierung vum Taxiswiesen hei am Land

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. De Problem, deen ech gesinn, dat ass, dass hei verschiddentlech d'Liberaliséierung vum Taxiwiesen ugeschwat ginn ass....Ech well mei wessen


Diskussioun vum 29. am Hartmount 2008 iwwer d’Gewalt bei Jugendlechen

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Här President, wat ech hei feststellen, dat ass, dass sech am Fong absolut näischt geännert huet, well haut sinn d'Kanner net méi aggressiv wéi mir waren....Ech well mei wessen


Diskussioun vum 29. am Hartmount 2008 iwwer de Beibau vum Prisong

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Madame President. Och dem Rapporteur Merci fir säi Rapport.

Ech ginn hei de Verdacht net lass, dass een, fir an de Prisong eranzekommen, muss international Relatiounen hunn, a fir erauszekommen, brauch ee just vläicht eng Leeder....Ech well mei wessen


Diskussioun vum 30. am Haartmount 2008 iwwer d’Ofsecherung vun eisem Rentesystem

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President. Leider hunn ech bei dësem Thema nëmmen zwou an eng hallef Minutt a muss mech dofir op dat eent oder dat anert Element beschränken.
Menger Meenung no ass dës Interpellatioun vläicht zum falschen Zäitpunkt respektiv zum verfréiten Zäitpunkt komm. Eben doduerch, well mer dem permanenten Drock vun der OECD iwwer eise Rentesystem ausgesat sinn, besonnesch wat eis Fréipensiounéierungen, eis Préretraiten ubelaangt....Ech well mei wessen


Diskussioun vum 20. am Chrëschtmount 2007 iwwer d’Parteienfinanzéierung

M. Aly Jaerling (Indépendant).- Merci, Här President, och dem Här Rapporteur. Merci fir säin explizite Rapport. Hien huet gesot, dat Gesetz hei wär onpopulär. Mä wéi ech awer elo esou héieren hunn, heibannen awer bestëmmt net, well Dir kritt jo awer all eppes....Ech well mei wessen



Pages: << Prev 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 Next >>